Service de médiation scolaire – Wat ass dat?
Service de médiation scolaire ass dee franséischen Numm. E bedeit:
de Büro vun der Schoul-Mediatioun. Am Rescht vum Text soe mir : Schoul-Mediatioun.
D’Schoul-Mediatioun ënnerstëtzt Elteren a Schüler bei Problemer mat der Schoul.
Si hëlleft bei Konflikter mat:
- der Grond-Schoul (Primär-Schoul),
- dem Secondaire (Lycée),
- engem Service vum Educatiouns-Ministère (ministère de l’Éducation).
D’Schoul-Mediatioun schafft onofhängeg.
Dat heescht: De Ministère seet hir net, wat se soll maachen.
Wéini kann d’Schoul-Mediatioun hëllefen?
D’Schoul-Mediatioun kann an 3 Fäll hëllefen:
Schoul-Ofbroch
Inklusioun
Integratioun
Reklamatiounen
Si kënnen sech un de Schoul-Mediateur wennen:
- d’Eltere vun de Schüler,
- d’Schüler,
- d’Personal vun der Schoul (Léierpersounen, Educateuren, Direkter …).