Wéini kann d’Schoul-Mediatioun hëllefen?
D’Schoul-Mediatioun kann an 3 Fäll hëllefen:
1. Schoul-Ofbroch
Wann een d’Schoul ofbrieche wëll oder muss.
Ofbriechen heescht: Et geet een net méi an d’Schoul.
Et huet een awer nach keen Ofschloss.
D’Schoul-Mediatioun hëlleft, datt een d’Schoul net ofbrécht.
Et huet een d’Schoul schonn ofgebrach?
Dann hëlleft d’Schoul-Mediatioun dobäi, erëm eng Ausbildung ze fannen.
2. Inklusioun
Inklusioun an der Schoul heescht:
D’Schüler ginn all an déi selwecht Klass.
Och Schüler, déi besonnesch Hëllef brauchen.
Gëtt et hei Problemer?
Da kann d’Schoul-Mediatioun hëllefen.
3. Integratioun
Integratioun an der Schoul heescht:
Et gëtt Kanner, déi nei op Lëtzebuerg kommen.
Si kënnen d’Sprooche vu Lëtzebuerg nach net.
Si brauchen Hëllef:
- fir déi richteg Schoul ze fannen,
- fir d’Sproochen ze léieren.
Dës Kanner kréie keng Hëllef?
Da kann d’Schoul-Mediatioun hëllefen.
Wie kann d’Schoul-Mediatioun ruffen?
- d’Eltere vun de Schüler,
- d’Schüler,
- d’Personal vun der Schoul (Léierpersounen, Educateuren, Direkter …).
Nëmmen Elteren oder groussjäreg Schüler kënnen der Schoul-Mediatioun d’Erlabnis ginn, Informatioune bei der Schoul ze froen.
Hëlleft d’Schoul-Mediatioun, d’Schoul ze verbesseren?
Jo, d’Schoul-Mediatioun kann dem Minister Iddie ginn, fir datt d’Schoul besser funktionéiert.
De Minister kann dës Iddie benotzen, wann e Gesetzer mécht fir d’Schoul.