Wéini kann d’Schoul-Mediatioun hëllefen?

Ech ka mech net direkt bei der Schoul-Mediatioun mellen.

Ech muss fir d’éischt probéieren, mam Responsable vun der Schoul

eng Léisung ze fannen.

De Responsablen ass:

  • An der Primär-Schoul: D’Léierpersoun vum Schüler oder den Direkter vun der Schoul.
  • Am Lycée: D’Léierpersoun vum Schüler oder den Direkter vum Lycée.
  • An engem Kompetenz-Zentrum: Den Haapt-Betreier vum Schüler oder den Direkter.

Ech fannen trotzdeem keng Léisung?

Da kann ech mech bei der Schoul-Mediatioun mellen.

Wéi funktionéiert d’Schoul-Mediatioun?

1.

Ech hu mech bei der Schoul-Mediatioun gemellt.

D’Schoul-Mediatioun kuckt sech meng Ufro un.

An se kuckt, ob se mer hëllefe kann.

Wann se mer net hëllefe kann, erkläert se mer firwat.

2.

Wann se mer hëllefe kann, da mécht se e Rendez-vous mat mer aus.

De Rendez-vous ass am Büro vun der Schoul-Mediatioun oder iwwer Video-Uruff.


10, rue Bender
Lëtzebuerg-Gare

3.

Nom Treffe schwätzt d’Schoul-Mediatioun mat der Schoul, mat där ech e Problem hunn.

D’Schoul-Mediatioun ka vun der Schoul all d’Dokumenter froen, déi se fir wichteg hält.

4.

Fir d’éischt probéiert se, eng gemeinsam Léisung ze fannen.

Dat heescht, se versicht, datt d’Elteren oder d’Schüler an d’Schoul erëm mateneen eens ginn.

D’Schoul-Mediatioun mécht dat, fir datt et dem Schüler gutt geet.

5.

D’Schoul-Mediatioun kann eng Propos maachen, wat d’Schoul maache soll.

6.

D’Schoul mécht dat net?

Da kann d’Schoul-Mediatioun de Minister doriwwer informéieren.

Wéi kann ech mech bei der Schoul-Mediatioun mellen?

Et gëtt 3 Méiglechkeeten:

  • Den Online-Formulaire ausfëllen.

Hei klicken: www.edulink.lu/elus