This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.
Allgemeng Notzungsbedéngungen (CGU) fir de Site
Jiddwereen, deen Informatiounen, Dokumenter, Produkter, Software a verschidde Servicer (zesummen d’„Servicer“ genannt) benotzt, déi op dësem Site sinn, huet d’Gesamtheet vun de Begrëffer an den Hiweiser vun dësen Allgemengen Notzungsbedéngungen zur Kenntnes geholl a stëmmt dësen zou.
„Organ“ bezeechent d’Administratioun, déi fir dëse Site verantwortlech ass.
Dem Benotzer seng Flichten
Den Zougang zum Site kritt een iwwer Internet. De Benotzer erkläert, dass hien déi domat verbonne Risike kennt an se acceptéiert. Hie muss sech virun Internetpiraterie schützen, andeems hien eng gëeegent a sécher Computerkonfiguratioun wielt.
De Lëtzebuerger Staat kann net responsabel gemaach gi fir fir Schued, deen dem Benotzer direkt oder indirekt durch d’Navigatioun op dësem Site, dem Benotze vun de Servicer um Site oder duerch Websäiten, op déi op dësem Site verwise gëtt, entsteet.
D’Benotze vum Site ass gratis.
Verwaltung vun de Cookien
Dëse Site benotzt Clientscookien, kleng Textfichieren, déi et erlaben, Informatiounen zum Benotzer sengem Surfen um Site ze analyséieren (Heefegkeet vun de Visitten, Dauer vun de Visitten, ofgeruffe Säiten asw.).
D’Cookië gi vum Site an engem Repertoire ofgeluecht, deen et zu dësem Zweck um Benotzer sengem Computer gëtt. Dran opgelëscht si virun allem den Numm vum Server, en Identifiant a Form vun enger eemoleger Nummer an en Oflafdatum. Den eemolegen Identifiant erlaabt et dem Site, de Computer vum Benotzer bei all Visite erëmzeerkennen. D’Cookië vun enger Sessioun gi vum Benotzer sengem Computer geläscht, esoubal d’Sessioun eriwwer ass. Allerdéngs bleiwen déi persistent Cookien um Benotzer sengem Computer bis 1 Mount nom Enn vun der Sessioun erhalen.
De Benotzer ka selwer decidéieren, ob en dem Server vun dësem Site d’Erlabnes gëtt, fir Cookien op sengem Computer ze späicheren oder net. Hien huet zu all Moment d’Wiel, fir d’Optiounen a sengem Browser esou anzestellen, datt d’Cookië weeder akzeptéiert nach gespäichert ginn. Ausserdeem kann en zu all Moment iwwer de Browser Cookië läschen, déi scho gespäichert sinn.
D’Benotze vu verschiddene Funktionalitéite vum Site kann ageschränkt oder desaktivéiert ginn, wann de Benotzer d’Cookië vum Site refuséiert. Dem Benotzer gëtt geroden, säi Browser esou anzestellen, datt d’Cookië vum Site akzeptéiert ginn.
Ännerung vum Site
De Lëtzebuerger Staat behält sech d’Fräiheet vir, dëse Site, ouni Ukënnegung am Viraus, weiderzeentwéckelen, ze änneren oder ze spären, dëst aus Grënn wéi Maintenance, Update oder ëmmer dann, wann et néideg ass.
Et ass wichteg ervirzesträichen, datt de Lëtzebuerger Staat zu all Moment all Informatiounen oder en Deel dovun, déi op deem Site gewise ginn, gradesou wéi Servicer, déi ugebuede ginn, zeréckzéien, bäisetzen, vervollstännegen oder méi präzis duerstelle kann. De Lëtzebuerger Staat ka fir keen direkten oder indirekte Schued am Zesummenhang mat esou Ännerunge responsabel gemaach ginn.
Allgemeng Responsabilitéitsaschränkungen
De Lëtzebuerger Staat mécht säi Bescht, fir eng gréisstméiglech Verfügbarkeet vun dësem Site oprechtzeerhalen. Allerdéngs kann de Staat net responsabel gemaach ginn, wann de Site fir eng Zäit oder ganz ausfält.
De Lëtzebuerger Staat suergt fir déi beschtméiglech Sécherheet vum Computersystem. Allerdéngs kann de Staat am Fall vun Attacken op de Computersystem oder am Fall vun zäitweilegem oder ganzem Ausfall vum Site net responsabel gemaach ginn.
De Lëtzebuerger Staat suergt dofir, datt d’Informatiounen, déi op dësem Site publizéiert oder an de sozialen Netzwierker verëffentlecht ginn, esou exakt wéi méiglech sinn. Am Fall wou en Update vun enger Informatioun oder engem Formulaire net gemaach gouf, am Fall wou et Feeler am Ëmgang mam System oder mat der Verschlësselung gëtt, Ongenauegkeeten oder Lacunnen an de gewisenen Informatiounen oder eventuell Iertemer, kann de Staat awer net responsabel gemaach ginn. Effektiv ass d’Zil, fir richteg an aktuell Informatiounen aus verschiddene Quellen ze verbreeden, mee de Lëtzebuerger Staat kann awer net all Risiko vun inhaltleche Feeler vermeiden.
Keng vun den Informatiounen, déi op dësem Site verëffentlecht ginn, gëtt sech den Usproch, vollstänneg ze sinn, oder stellt en Engagement vum Lëtzebuerger Staat duer. D’Verbreedung an d’Iwwersetzungen dovun dénge just Informatiounszwecker. Verbindlech si just d’Gesetzestexter, déi am Memorial (Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg) verëffentlecht ginn.
D’Informatiounen op dësem Site hunn en allgemenge Charakter. D’Informatioune si kenge perséinlechen oder spezifeschen Ëmstänn ugepasst a kënnen deemno net als perséinlech, berufflech oder juristesch Rotschléi fir de Benotzer ugesi ginn. Wann de Benotzer perséinlech oder spezifesch Rotschléi brauch, muss en ëmmer déi kompetent Servicer vun de verschiddenen Administratiounen zu Rot zéien.
Responsabilitéitsaschränkunge vum Site
Dëse Site ass ausdrécklech net responsabel fir all direkt an indirekt Konsequenzen ewéi:
- e Kompatibilitéitsfeeler tëschent dem offréierte Service an den Equipementer, den Applikatiounen, de Prozeduren oder Infrastrukture vum User oder vun Drëttpersounen
- eng Sécherheetsschwaachstell, déi vum User oder enger Drëttpersoun kënnt, an, méi allgemeng, all Sécherheetsschwaachstell, déi net direkt dësem Site kann zougeschriwwe ginn;
- Konsequenze vu Feeler an/oder Bedruch, begaange vum User oder enger Drëttpersoun;
- en eventuelle Mangel u Verfügbarkeet oder e schlechte Fonctionnement vun de Systemer oder vun den elektronesche Kommunikatiounsnetzwierker.
Linken op extern Sitten
Dëse Site ka Linken zu aneren Internetsäiten enthalen, déi fir Benotzer nëtzlech oder interessant kënne sinn.. De Lëtzebuerger Staat a besonnesch dat verantwortlecht Organ kontrolléieren net systematesch den Inhalt vun dëse Sitten. Deemno kënne se net responsabel fir d’Inhalter vun dësen Internetsitte gemaach ginn, sief et um Niveau vun hirer Legalitéit oder der Richtegkeet vun den Informatiounen, déi een do fënnt.
Geeschtegt Eegentum
De Site, all seng Elementer (dorënner och de Layout) an och d’Informatiounen an d’Servicer sinn duerch d’Gesetzer iwwer den intellektuelle Besëtz an d’Auteursrechter geschützt.
Souwäit net anescht uginn, accordéiert de Lëtzebuerger Staat keng Lizenz oder Geneemegung a Bezuch op geeschteg Eegentumsrechter, déi hien op dëse Site, seng Komponenten oder Servicer huet. Ausserdeem ass keng Reproduktioun vun den Informatiounen oder Servicer, weeder ganz nach deelweis, egal a wat fir enger Form oder mat wat fir Mëttelen, ouni eng vireg schrëftlech Erlabnes vum Organ erlaabt.
Souwäit net anescht uginn, ass de Benotzer autoriséiert, déi disponibel Dokumenter an Informatiounen ënnert dëse Conditiounen ze consultéieren, erofzelueden oder auszedrécken
- D’Dokumenter däerfen nëmmen als perséinlech Informatioun an ausschliisslech fir privat oder berufflech Zwecker vu Mataarbechter vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend genotzt ginn.
- D’Dokumenter an d’Informatiounen däerfen op keng Aart a Weis geännert ginn.
D’Rechter, déi Iech uewen explizit oder stillschweigend accordéiert goufen, stellen eng Benotzungsautorisatioun duer an op kee Fall en Oftriede vu Rechter, Proprietéit oder Anerem am Zesummenhang mat dësem Site.
Ännerung vun den Allgemengen Notzungsbedéngungen
Déi gülteg Allgemeng Notzungsbedéngunge kënnen zu all Moment an ouni Ukënnegung geännert oder vervollstännegt ginn, ofhängeg vun den Ännerungen, déi um Site gemaach ginn, vun der Entwécklung vun der Legislatioun oder aus all anerem Grond, deen als néideg gesi gëtt. Et ass um Benotzer, fir sech iwwer déi allgemeng Notzungsbedéngungen um Site ze informéieren, woubäi ëmmer nëmme just déi aktuell Online-Versioun Gültegkeet huet.. Et ka sinn, datt vun enger Visite um Site zu enger nächster déi besonnesch Allgemeng Notzungsbedéngunge geännert hunn an et ass dann um Benotzer, fir déi lescht Ännerunge virun enger neier Visite um Site ze liesen.
Ze applizéierend Gesetz a kompetent Geriichtsbarkeet
All Rechtssträit, dee mam Benotze vum Site a senge Servicer zesummenhänkt, ënnerläit dem Lëtzebuerger Recht a fält ënner d’exklusiv Kompetenz vun der Lëtzebuerger Geriichtsbarkeet.
Schutz vun de perséinlechen Donnéeën
Sammlung vun den IP-Adressen aus de Server-Protokoller aus Sécherheetsgrënn
D’Donnéeë mat perséinlechem Charakter, déi de Benotzer matdeelt, gi konform zum „Règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil du 27 avril 2016 relatif à la protection des personnes physiques à l’égard du traitement des données à caractère personnel et à la libre circulation des données“ verschafft.
De Lëtzebuerger Staat sammelt keng perséinlech Donnéeën, mat Ausnam vun den IP-Adressen aus de Server-Protokoller, wat aus Sécherheetsgrënn geschitt. De Benotzer brauch dohier seng Zoustëmmung net ze ginn, éier en op de Site geet.
De Verantwortleche fir dës Beaarbechtung ass dat verantwortlecht Organ fir dëse Site.
Zougang zu dëse perséinlechen Donnéeën hunn nëmmen déi dofir autoriséiert Mataarbechter vum Organ, dat fir dëse Site verantwortlech ass, oder weider Empfänger, wann dat zur Erfëllung vun hiren Aufgaben an zum Erreeche vun de genannten Zwecker néideg ass.
Dës Donnéeë ginn nëmme sou laang gespäichert, wéi et onbedéngt noutwendeg ass.
Déi gesetzlech Virschrëften zum Schutz vu perséinlechen Donnéeën, a besonnesch d’Rechter, déi de Persounen zouerkannt ginn, déi vun den duerchgeféierte Veraarbechtunge betraff sinn (Recht op Informatioun, Recht op Korrektur vun den Donnéeën asw.), sinn applicabel ënner den entspriechende Konditiounen an ofgesi vun de festgeluechten Ausnamen an Ofwäichungen.
De Benotzer ka Froen zum Schutz vu sengen Daten iwwer déi jeeweils verfügbar Kommunikatiounsweeër an un de Responsablen, an dësem Fall dat verantwortlecht Organ vum Site, riichten, andeems e seng Identitéit noweist (d. h. andeems e senger Ufro eng liesbar Kopie vu senger Carte d’identité oder dem Pass matschéckt). De Benotzer ka seng Ufro och un den Delegéierte fir de Schutz vun den Donnéeë riichten, an zwar per E-Mail un dës Adress: dpo@men.lu.
D’Commission nationale pour la protection des données mat Sëtz op der Nummer 15, Boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux kann och mat enger Reklamatioun zu de Rechter vun de betraffene Persoune befaasst ginn (cnpd.public.lu).
Reklamatiounsformulaire
D’Informatiounen, déi Iech betreffen an déi iwwer de Reklamatiounsformulaire gesammelt ginn, gi vum betreffenden Organ beaarbecht, fir Är Demande kënnen ze traitéieren.
Andeems Dir de Formulaire ausfëllt, akzeptéiert Dir, datt Är perséinlech Donnéeën am Kader vun Ärer Demande verschafft ginn. Dës Informatioune ginn esou laang vun der Administratioun gespäichert, bis d’Demarchë ronderëm Är Demande ofgeschloss sinn.
Empfänger vun Ären Donnéeën ass dat fir Är Ufro zoustännegt Organ, an zwar:
Service de médiation scolaire
10, rue Bender
L-1229 Luxembourg
E-Mail: contact@mediationscolaire.lu
Déi gesetzlech Virschrëften zum Schutz vu perséinlechen Donnéeën, a besonnesch d’Rechter, déi de Persounen zouerkannt ginn, déi vun den duerchgeféierte Veraarbechtunge betraff sinn (Recht op Informatioun, Recht op Korrektur vun den Donnéeën asw.), sinn applicabel ënner den entspriechende Konditiounen an ofgesi vun de festgeluechten Ausnamen an Ofwäichungen.
Dir kënnt Är Zoustëmmung zu all Moment widderruffen.
Wann Dir Froen iwwer d’Veraarbechtung vun Ären Donnéeën hutt oder wann Dir Är Rechter ausübe wëllt, kënnt Dir Iech mat engem Noweis vun Ärer Identitéit a ggf. vun der Identitéit vun Ärem mannerjärege Kand iwwer déi disponibel Kommunikatiounsweeër un dat zoustännegt Organ wenden (d. h. andeems Dir Ärer Ufro eng liesbar a gëlteg Kopie vun der Carte d’identité oder dem Pass a vun der Carte d’identité oder dem Pass vun Ärem mannerjärege Kand matschéckt).
D’Commission nationale pour la protection des données mat Sëtz op Nummer 15, Boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux kann och mat enger Reklamatioun zu de Rechter vun de betraffene Persoune befaasst ginn (cnpd.public.lu).