De Schoulmediateur schafft an dräi Beräicher :
Maintien scolaire
Dëst betrëfft all Aktioun a Moossnam,
- fir ze verhënneren, datt Jonker tëscht 16 a 24 Joer d’Schoul ouni Ofschloss verloossen, d. h. ouni e Premièresdiplom, en Techniker-Diplom, en DAP oder CCP oder eng gläichwäerteg Qualifikatioun;
- fir dës jonk Leit erëm an e Lycée oder eng aner Ausbildung z’integréieren.
Inklusioun
- Dëst betrëfft Froen, déi sech op d’Schoulbildung an der Grondschoul an am Secondaire vu Kanner mat spezifeschem Fërderbedarf bezéien.
Integratioun
- Dëst betrëfft Froen, déi mat der Integratioun vu Schüler ze dinn hunn, déi net hir ganz Schoulzäit zu Lëtzebuerg verbruecht hunn an deemno Defiziter am Däitschen, Franséischen oder Lëtzebuergeschen hunn, déi sech negativ op hire schoulesche Parcours auswierken.
Comments are closed.